De Verein "Lëtzebuerger Hunneg" huet ee Stand zesumme mat der FUAL an der Daichhal an der Zone "Sou schmaacht Lëtzebuerg".
Mir erklären d'Erausfuerderungen vum Imker an d'Leeschtung vun eise Beien.
Eis Produkter mat kontrolléiertem Lëtzebuerger Hunneg sinn:
- Hunneg vun der "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg" Fréijoer-, Summer a Bio.
De Klassiker am 500g Glas fannt dir an de Supermarchéen (CACTUS, Pallcenter, Massen, ...) an direkt bei eisen Imker. - Fir de Cactus liwwere mer de "Frësch geschleiderten Hunneg".
- Fir 'La Provençale' liwwere mir den Lët'z Hunneg vun 280g bis 7kg a ganz nei den leefegen Hunneg am 700g Squeeze.
- Als Zutat bei ORTEA mat dem Biohunneg fir an den ÄisTéi.
Dir kënnt Hunneg kafen an och frëschen Hunneg direkt aus der Wab schmaachen.
Am Schaukasten gesitt dir wat an engem Beievollek geschitt.
Mir fréen eis op Iech an Äer Froën.