Montag, 11. Januar 2016

Sonndes 6. März Generalversammlung "Lëtzebuerger Hunneg"


6. März 2016 um 9.30H am Seminarraum « An der Wiss » vum Restaurant « A Guddesch »
(1, am Kaesch L-7593 Biereng / Miersch )
 
     
     

Montag, 26. Oktober 2015

Fasskarre

D'Verkaafsgemeinschaft huet sech fir seng Memberen eng Fasskärchen (Fasskarre) zougeluecht fir 200 Liter Fässer ze transportéiren. Dës Kärchen kënnt der gratis beim Gilbert Moris  (Tel 888051 oder 621653386) ausléinen.    



Jeannot Glodé

Donnerstag, 16. Juli 2015

Stand op der Foire Agricole Ettebruck 4.&5. Juli 2015

Et ass alles gudd verlaaf. Eng flott Plaatz am Zelt, eng gudd Embiance an och vill intresséiert Leit.
Wann en dann nach Leit huet, wei den Xavier Bettel, den Etgen Fernand an d' Anne Faber dei hellefen entdeckelen, dann ass dat ganzt nach mei einfach. Am Zelt war et zwar warem, awer nit esou warem wei dobaussen, wann een dann nach genuch drénkt, da geet dat.

Gilbert Moris

Weider Fotoën: picasa Foire Agricole 2015

Samstag, 13. Juni 2015

Memberen elo online

Déi Memberen déi wollten um Site publizéiert gin, sin elo mat hiren Donnéen ënnert Mitglieder online.
Och dat soll hëllefen den gudde Lëtzbuerger Hunneg an seng Produzenten méi bekannt ze machen.
Wann eng Angab net (méi) sollt stemmen da macht w.e.g. eng Mail un den Frank Thillen:  webmaster@hunneg.info.

Donnerstag, 19. März 2015

Rapport Generalversammlung

Bericht der Sekretärin zur Generalversammlung vom 8. März 2015