Montag, 9. Juni 2025

Foire Agricole Ettelbréck Fr 4.- So 6. Juli zu Ettelbréck Deichwiss

De Verein "Lëtzebuerger Hunneg" huet ee Stand zesumme mat der FUAL an der Daichhal an der Zone "Sou schmaacht Lëtzebuerg".

Mir erklären d'Erausfuerderungen vum Imker an d'Leeschtung vun eise Beien. 

Eis Produkter mat kontrolléiertem Lëtzebuerger Hunneg sinn:

  • Hunneg vun der "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg" Fréijoer-, Summer a Bio.
    De Klassiker am 500g Glas fannt dir an de Supermarchéen (CACTUS, Pallcenter, Massen, ...) an direkt bei eisen Imker.
  • Fir de Cactus liwwere mer de "Frësch geschleiderten Hunneg".
  • Fir 'La Provençale' liwwere mir den Lët'z Hunneg vun 280g bis 7kg a ganz nei den leefegen Hunneg am 700g Squeeze.
  • Als Zutat bei ORTEA mat dem Biohunneg fir an den ÄisTéi.

Dir kënnt Hunneg kafen an och frëschen Hunneg direkt aus der Wab schmaachen.
Am Schaukasten gesitt dir wat an engem Beievollek geschitt.

Mir fréen eis op Iech an Äer Froën.


Freitag, 6. Juni 2025

Neue Homepages hunneg.lu & letzhunneg.lu

In den nächsten Tagen bieten wir unseren privaten Kunden eine ansprechendere grafische Homepage unter:

hunneg.lu  (diese Adresse entspricht auch dem QR Code auf dem Honigglas)

Der Honig Blog der Vereinigung mit detaillierten Infos für Imker, interessierte Geschäfte und Kunden zieht dann um auf:

letzhunneg.lu


Mittwoch, 14. Mai 2025

Neie Cahier de Charge fir AOP "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg" en Procédure

No engem relativ opwändegen Exercice fir deen neie Cahier de Charge auszeschaffen, hu mir eis Demande fir d'Appelation d'Origine Protégée unzepassen un de Ministère erageschéckt. D'Procédure d'opposition leeft vum 14. Mee bis 13. Juni 2025.

Detailer dozou ënnert:

https://enquetes.public.lu/content/enquetes_publiques/fr/enquetes/5000/5011.html

https://agriculture.public.lu/de/aktuelles/2025/mai/aenderung-ursprungsbezeichnung.html

https://agriculture.public.lu/de/ernaehrung/normen-label-eu-qualitaetskennzeichen/geographische-angaben-und-europaeische-qualitaetssysteme.html#bloub-6

 



Montag, 14. April 2025

Generalversammlung 25 - Ministerin lobt Engagement

In gewohnt harmonischer Atmosphäre fand am 4. April 2025 die Generalversammlung der Verkaufsgemeinschaft «Lëtzebuerger Hunneg» statt – in Anwesenheit der Landwirtschaftsministerin Martine Hansen.


In ihrer Ansprache würdigte die Ministerin das Engagement der Gemeinschaft und sprach ihren Dank für die geleistete Arbeit am Lastenheft aus, das die Grundlage für die angestrebte AOP-Anerkennung der Marke «Lëtzebuerger Hunneg – Marque Nationale» im Jahr 2026 bildet.

Stichwörter aus dem Aktivitätsbericht: sehr moderates Honigjahr 2024, Statistik der Analysen, Bilanz beim Honigverkauf, gute Finanzen, neue Konzepte beim Marketing, Teilnahme Foire Agricole, Detailarbeit für AOP „Lëtzebuerger Hunneg“, Rolle des Kontrollorganismus, Unterstützung vom Ministerium, …

Viel ehrenamtliche Arbeit für und mit den Imkern, für die Bienen und den Honig! 


Dienstag, 11. März 2025

Reunion avec Madame la Ministre de l'Agriculture Martine Hansen

Mir haten den 10/3/25 eng ganz gutt Reunioun um "Ministère de l'Agriculture" fir läscht Punkte fir d'AOP Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg ze klären. Ziel ass, dat d'AOP 2026 op EU Niveau unerkannt ka ginn. D'Prozedure sinn leider komplizéiert well mir déi éischt AOP no neiem Modus zu Lëtzebuerg sinn.

Fir 2025 funktionéieren d'Kontrolle fir de Label "Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg" wéi bis elo virun. Mir ginn och weiderhin ënnerstëtzt bei eiser wäertvoller Aarbecht fir d'Beien, d'Natur an de Konsument.