Arista huet agelueden fir schnupperen ze kommen wéi de Varroamonitoring an d'VSH Bewertung ofleeft. Et waren 2 Atelieren wou ganz vill engagéiert Imker a Fachleit konzentréiert an exakt geschafft hunn:
- Auszielen vun mat Varroen infizéierten Brutwaben: Hei gett genee gekuckt op d'Infektioun funktionnéiert huet an op d'Vollek et färdeg bréngt dat d'Varroa sech net ka vermehren. Eng 100% "Varroa Sensitive Hygiene" VSH Vollek bréngt et färdeg, fir dat trotz Infektioun di befallen Zellen de richtege Moment ausgeraumt gin an Varroa sech net ka vermehren. All Zichter krit domat ee systematesch wessenschaftlechen Feeback wéivill % VSH di eenzel Kinnigin verierwt.
- auswäschen vu Beieprouwen fir ze gesin wéivill Varroen op den Arbichterinne Beien setzen.
Link: https://aristabeeresearch.org/







