Freitag, 14. August 2026

Varroa Monitoring vun Arista am NOSL

Arista huet agelueden fir schnupperen ze kommen wéi de Varroamonitoring an d'VSH Bewertung ofleeft. Et waren 2 Atelieren wou ganz vill engagéiert Imker a Fachleit konzentréiert an exakt geschafft hunn:

  1. Auszielen vun mat Varroen infizéierten Brutwaben: Hei gett genee gekuckt op d'Infektioun funktionnéiert huet an  op d'Vollek et färdeg bréngt dat d'Varroa sech net ka vermehren. Eng 100% "Varroa Sensitive Hygiene" VSH Vollek bréngt et färdeg, fir dat trotz Infektioun di befallen Zellen de richtege Moment ausgeraumt gin an Varroa sech net ka vermehren.  All Zichter krit domat ee systematesch wessenschaftlechen Feeback wéivill % VSH di eenzel Kinnigin verierwt.
  2. auswäschen vu Beieprouwen fir ze gesin wéivill Varroen op den Arbichterinne Beien setzen.
Alles an enger gudder an ganz konzentréierter Ambiance wéi een op de Biller geseit. Eng ganz Reih Memberen aus eiser Genossenschaft "Lëtzebuerger Hunneg" sin och hei aktiv.
Link: https://aristabeeresearch.org/










Samstag, 4. Juli 2026

Foire Agricole 3-5.7.26

Eise Stand op der Foire huet och 2026 nees ganz groussen Uklang. 
Um Freiden hu schon ca. 300 Schoulkanner ganz interesséiert d'Beie beobacht, d'Kinnigin gesicht an Hunneg geschleidert.

De leckeren frësch geschleiderten Hunneg an eis ganz Palette mat Marque Nationale an Lët'z Hunneg kann een bei eis schmaachen a kaafen.

Lëtzebuerger Hunneg ee Genoss aus a fir d'Natur!

RTL op Visite beim Paul Jungels den och an eiser Genossenschaft vun 90 Beieleit ass.



Dienstag, 24. März 2026

12. Generalversammlung 22/3/2026

Tagesordnung : 

Eröffnung der Versammlung durch den Präsidenten Jeannot Glodé

Tätigkeitsbericht der Sekretärin Claudine Reiser

Finanzbericht des Kassierers Marcel Straus

Bericht des Aufsichtsrats,  Entlastung Kassierer und Vorstand

Jeannot Glodé (Präsident), Claudine Reiser (Sekretärin),  Marcel Straus (Kassenwart), Serge Turmes (Bestellung), Jean-Paul Reuland (Etiketten), Guy Koob (Marque Nationale), Nicolas Josselin, Frank Thillen (Informatik)

Aufsichtsrat: Frank Thinnes, Raymond Kirsch, Gilles Bormann, 

Honigkommission: Marianne Zeldenrust

Vermarktung: Statistik & Anpassung Grundsätze

« Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg » : Bilanz 2025, Stand der Dinge, Abstimmung

Ausblick auf das Jahr 2026, Verschiedenes und freie Aussprache


Samstag, 17. Januar 2026

Umeldungen fir 2026

Eis aktuell Memberen ginn ugeschriwwen fir d'Donnéen à jour ze setzen. Nei Memberen fannen hei all Formulairen an Informatiounen.

Montag, 17. November 2025

12.9 & 13.9. Hunnegaktioun an der Belle Etoile

Mir hunn gewise wéi Hunneg geschleidert gett a wéi een Beievollek bannen ausgesäit. Vill Leit hun den léckeren Hunneg geschmaacht a kaaft. D'Aktioun war een décke Succés a gett dat nächst Joer widerholl. Merci de fleissege Beien an Imker déi eis gehollef hunn.